Wéi wielen ech ?

Waldag

  • Ech kréie spéitstens 5 Deeg virun de Walen eng Convocatioun vu menger Gemeng, op där de Waldag an d’Ëffnungszäite vum Walbüro, an deen ech muss goen, stinn.
  • D’Convocatioun enthält och Instruktiounen (Erklärungen iwwer de Stëmmziedel) an d’Lëscht mat de Kandidaten.
     

      Den Dag vun de Wale muss ech:

  • Tëschent 8.00 a 14.00 Auer an de Walbüro vun der Gemeng, wou ech mäi Wunnsëtz hunn, goen.
  • E gültegt Ausweisdokument (Carte d’identité, Pass, Openthaltsgeneemegung oder Openthaltskaart) mathuelen.
  • Duerno muss ech just nach an d’Walkabinn goen a meng Kräizer maachen.
  • Wéivill Memberen ee Gemengerot huet, hängt vun der Unzuel vun den Awunner vun enger Gemeng of. Je no Awunnerzuel kënnen et 7, 9, 11, 13, 15, 17 oder 19 Memberen an engem Gemengerot ginn. An der Stad Lëtzebuerg sinn et der 27.

 

 

Bréifwal

Ech kann eng Demande fir d’Bréifwal maachen.

D’Demande fir d’Bréifwal muss ech an där Gemeng maachen, an där ech agedroe sinn:

  • fréistens 12 Wochen a spéitstens 25 Deeg virum Waldag, wa meng Convocatioun soll op eng Adress zu Lëtzebuerg geschéckt ginn,
  • fréistens 12 Wochen a spéitstens 40 Deeg virum Waldag, wa meng Convocatioun soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn.
  • Ech ka meng Demande fir d’Bréifwal online op MyGuichet.lu oder per Post maachen (an eegene Wierder oder op engem Formular, deen ech bei der Gemeng vu mengem Wunnuert kréien).

Walsystem

Fir d’Gemengewale ginn et 2 Walsystemer:

  • An de Gemenge mat manner ewéi 3.000 Awunner gëtt no dem System vun der relativer Majoritéit („Majorzgemeng“) gewielt.
  • Ech hunn esou vill Stëmmen ewéi d’Zuel vun de Conseilleren, déi an de Gemengerot gewielt musse ginn.
  • Ech gi meng Stëmm of, andeems ech e Kräiz (+ oder x) an d’Case no dem Numm vun engem oder méi Kandidate maachen, bis ech den Total vun de Stëmmen, déi ech zur Verfügung hunn, erreecht hunn.
  • A Gemenge mat mindestens 3.000 Awunner gëtt mat Lëschten an engem proportionale Walsystem („Proporzgemeng“) gewielt.
  • Ech hunn esou vill Stëmmen ewéi d’Zuel vun de Conseilleren, déi gewielt musse ginn.
  • Ech kann all Kandidat eng oder zwou Stëmme ginn, bis ech den Total vun de Stëmmen, déi ech zur Verfügung hunn, erreecht hunn.
  • All Kräiz (+ oder x) an enger vun den zwou reservéierte Casen hannert dem Numm vun de Kandidaten entsprécht enger Stëmm fir dëse Kandidat.
  • Ech kann och panaschéieren*, dat heescht, ech verdeele meng Stëmmen op déi verschidde Kandidaten aus de verschiddene Parteien. Ech kann all Kandidat 1 oder 2 Stëmme ginn.
  • Ech kann och déi ganz Lëscht vun enger politescher Partei wielen, andeems ech mäi Kräiz (+ oder x) an d’Case direkt ënnert den Numm vun der politescher Partei maachen. Esou kritt dës politesch Partei all meng Stëmmen.

De Walsystem vu menger Gemeng

Gemeng Awunner
Ärenzdallgemeng - 3000
Bartreng + 3000
Bauschelt - 3000
Bech - 3000
Beefort + 3000
Beetebuerg + 3000
Berdorf - 3000
Bettenduerf + 3000
Betzder + 3000
Biekerech - 3000
Biissen + 3000
Biwer - 3000
Bous-Waldbriedemes + 3000
Buerschent - 3000
Clierf + 3000
Colmer-Bierg - 3000
Conter + 3000
Déifferdeng + 3000
Diddeleng + 3000
Dikrech + 3000
Dippech + 3000
Duelem - 3000
Ell - 3000
Ëlwen + 3000
Esch-Sauer + 3000
Esch-Uelzecht + 3000
Ettelbréck + 3000
Feelen - 3000
Fëschbech - 3000
Fiels - 3000
Fluessweiler - 3000
Fréiseng + 3000
Garnech - 3000
Géisdref - 3000
Gréiwemaacher + 3000
Groussbus-Wal - 3000
Habscht + 3000
Helperknapp + 3000
Hesper + 3000
Hiefenech - 3000
Iechternach + 3000
Ierpeldeng op der Sauer - 3000
Jonglënster + 3000
Käerjeng + 3000
Käerch - 3000
Keel + 3000
Kielen + 3000
Kiischpelt - 3000
Konsdref - 3000
Koplescht + 3000
Leideleng - 3000
Lenneng - 3000
Lëntgen + 3000
Lëtzebuerg + 3000
Luerenzweiler + 3000
Mamer + 3000
Manternach - 3000
Mäertert + 3000
Mäerzeg - 3000
Miersch + 3000
Monnerech + 3000
Munneref + 3000
Nidderaanwen + 3000
Noumer - 3000
Parc Housen + 3000
Péiteng + 3000
Pëtschent - 3000
Préizerdaul - 3000
Rammerech + 3000
Reckeng op der Mess - 3000
Réiden + 3000
Réimech + 3000
Reisduerf - 3000
Réiser + 3000
Rëmeleng + 3000
Rouspert-Mompech + 3000
Sandweiler + 3000
Schëffleng + 3000
Schengen + 3000
Schëtter + 3000
Schieren - 3000
Sëll - 3000
Stadbriedemes - 3000
Stauséigemeng - 3000
Steesel + 3000
Stengefort + 3000
Stroossen + 3000
Suessem + 3000
Tandel - 3000
Useldéng - 3000
Veianen - 3000
Viichten - 3000
Waldbëlleg - 3000
Walfer + 3000
Wäiswampech - 3000
Wanseler - 3000
Weiler zum Tuer - 3000
Wëntger + 3000
Wormer + 3000
Wooltz + 3000

Proporzgemeng: Population supérieur à 3.000 habitants

Majorzgemeng: Population inférieure à 3.000 habitants

Mäi Stëmmziedel ass ongülteg:

wann ech méi Kräizer maachen, wéi Vertrieder gewielt musse ginn

wann ech op mengem Stëmmziedel guer kee Kräiz maachen (wäisse Stëmmziedel)

wann ech op mengem Stëmmziedel eppes duerchsträichen, eppes drop schreiwen oder molen

wann ech en anert Blat oder en aneren Objet an de Stëmmziedel leeën.